?

Log in

No account? Create an account

> recent entries
> calendar
> friends
> My Website
> profile
> previous 20 entries

Thursday, December 16th, 2010
11:37 pm
0B3wZQR9Dj96YaW5VOU1rU1UxeVE.

(38 comments | comment on this)

Friday, December 12th, 2008
1:47 am - [scans] Miura Haruma 2009 Calendar
I scanned Miura Haruma's calendar, so here you are. :D

Preview:



Collapse )

(203 comments | comment on this)

Tuesday, May 1st, 2007
11:15 pm
I feel like I should post today, since after all, it's Kei's birthday. Well, not in Japan anymore, but who cares... I wanted to make pudding to celebrate and eat it myself afterwards, but I ended up eating tons of ice-cream, so no pudding. D8 Not like he would care anyway ne. But I feel slighty guilty because lately I've been neglecting him a lot due to a huge load of shiny eito gheiness. Ok, NewS in general, but that I don't mind much because they have enough fans and during their lives it's like 90% Pi anyway . *gets shot by Pi fans*
But Koyama is still ♥♥♥, so I wish him all the best for his 23. :DDD

I watched Takki's Romeo & Juliet today, because first, it's Takki, and second, I love anything related to Shakespeare's R & J. Not that it had that much to do with the original play. But the girl was called Juri. My name! YAY! They also wrote with the same kanji's that I'd use for my name (uhm, as if I'd write my name in kanji often xD). Anyway, I'm happy about it so shuddup. <3 For the rest...  I had to keep myself from laughing a lot, because srsly, it was kitschy like hell. x'D But what else do you expect from a dorama?! <3 And because of the said kitsch I didn't get to do my Latin homeworks and study for the paper I have tomorrow *facemash*

My sister got herself a LJ. Finally. :D She did the header which is full off ryo-psychoness. 8D And I just finished the coding. Wohooo~ I love the layout so go check it out: kakel
My dad just compared Jyannis to Tokio Hotel. *goes off to kill herself* DDD8


current mood: ditzy

(26 comments | comment on this)

Saturday, June 17th, 2006
5:25 pm - 10 Meint...
ech keint jo mol nees eppes heira schreiwen... koum lo grad vum japanesche speech contest an ech sin 2t gin! hehe... dat do just 4 lait matgema hun, muss jo net onbedengt erwaehnt gin. xD deen eischte wor en inder deen allerdengs schon annerhallewt joer hei ass an deem sai speech, wow! mee deen hockt hei och op sou engem deck strengen internat, ech wor emol fier een dag dohin, do gin se all dag gezwong japanesch ze leiren. X_x lo krut ech och na sou eng riseg kupp, mwahahaha... mee ech mengen dei bleiwt awer hei, well dei ass net grad liicht.
d'schoulfest ass jo lo och scho sait 2 wochen eriwwer an ech hu geduecht, ech haett lo mol besse mei zait, mee nee, lo hu mer chouer-contest, wou jiddereen aus der klass maache muss. O___o ech a sangen? pfuahahaha... tjo, wann se onbedengt laescht welle gin... op alle fall ass nees all dag an och all week-end prouw. T___T d'schoulfest hun ech och allt iwwerliewt, och wann ech den eischten dag net grad vill ze din hat, mee dofier hat ech awer dei grouss eier mat engem rosa schiettech an haerzerform ronderemzelafen. X_x photoen hun ech leider bal keng geholl, mee all dei lait dei mech dora bestaune welle kennen dat dann ennert www.japan-ats.party.lu.
leschte freiden hun ech d'saki op e visual kei-concert matgeschleeft, hehe... woren ganzer 8 gruppen dei do opgetruede sin, mee ausser パニックちゃんねる (fier dei ech u sech dohi gaang sin), rentrer en soi an sulfuric acid hun ech natierlech nees keng kannt. woren 白黒キネマ (shirokuro kinema), 東京ミカエル (tokyo mikael), 彩-イロドリ- (sai -irodori-), Aeacus,  我流eve (garyuu (?) eve). rentrer en soi an natierlech panic wore super! och wann ech bei panic leiwer hier panic*ch-lidder an net hier パニックちゃんねる-lidder hun (dei se awer nemme gespillt hun)... an wor och eegentwei schued dat tara an takumi nemi dobei sin, mee den neie bassist kiri... *____* deem seng laach! ech mengen ech hun d'saki bessi do genervt, hehe... och dei reschtlech gruppen hu mer gudd gefall, mee also, dei japanesch vk-fans! O____o mat hierem parapara-gedanz, omg! dat ass jo sou epps vu lusch. d'saki an ech kounten nemi vu laachen an ech mengen dat ass liicht opgefall well et en zimlech klenge sall wor a mir dei eenzeg sin dei net matgema hun. xD op alle fall sin ech dem saki sou dankbar dat et mat mer dohi gaang ass! ^-^ dofier daerf ech lo ma mat em an d'kierch. xD

current mood: drained

(comment on this)

Thursday, May 25th, 2006
12:24 am - x__X
ech si freckt! x_____X ech well heem an ech hu keng loscht haut na sou domm kakaosbeem ze bastelen an dofier reischt um 8 heemzekommen... T_T
ech hun nemmen na 1 mount an 29 deeg hei! wow!

current mood: blah

(7 comments | comment on this)

Thursday, May 18th, 2006
6:15 pm - Photoen
hu mol nees puer photoen online gesat. an och puer purikura, well ech muss jo schliesslech och epps typesch japanesches dropsetzen... xD deet mer leed mat der qualiteit, krut se net agescant. ^^;

current mood: sick

(1 comment | comment on this)

Monday, May 15th, 2006
9:32 am - An der Schoul
hm... ech hun d'gefill, wei wann ech mol nees eppes keint heira schreiwen. setze grad an der schoul a si hun tester an ech (logescherweis) net a well dei tester nemme moies sin dierf ech schon um halwer 1 heem! ah, wi schein! (naja, wann ee bedengt, dat ass u sech dei zait dei ech doheem emmer denschdes an donneschdes heemkann... aah!) haut ass et nees kaal, stell ee sech dat mol fier! d'lescht woch huet et di ganzen zait riicht era gereent an et wor steckeg waarm. tss, ech schwaetze vum wierder...
wat hun ech da soss sou gemaach? ah jo, mir hate golden week (wat awer mol keng woch ass, just mettwochs, donneschdes a freides, also wouhier huelen dei sech d'erlaabnis sou eppes week ze nennen?), do hat ech dunn 3 deeg frei. endlech! mat de vakanzen hun se et hei jo net sou. du sin d'naoko, d'mariko, de philippe an den ashley, en australesche frend vum naoko, komm. als eischt wore mer na an der staadt, do wor naemlech grad hamamatsu matsuri (festival). also ofgesi vum gudden iesse wor ech lo net sou iwwerwaeltegt dovun. mee ech wor jo och schon den dag fierdru bessi mam saki dogewiescht. dono wore mir da bei meng gaaschtfamill heem a well meng gaaschtmamm dei tendenz huet, jiddereen dee se begeint ze inviteiren, duerfte si och all bei mer schlofen. dat wor nawell leschteg, dunn hun ech um halwer 6 geschlof wou d'sonn schon op wor. an den dag drop wor et mer schlecht. a grad deen dag kreien ech moies em 10 en uruff "bonjour, ici c'est l'ambassadeur du luxembourg..." haeh?! an na eegentwei gebradels wat ech awer net verstan hun vu dat ech grad aus dem schlof gerappt si gin an ausserdem hun ech mol ugefaang ze mierke wei schlecht et mer wor. bon, et wor jo kloer dat dat e witz wor, mee de philippe louch am zemmer niewt mer ze schnarchen an dem tsutomu sai franseisch ass awer lo och nees net sou perfekt a soss kennen ech hei keen dee franseisch kann. beemol faenkt do een u mat englesch ze schwaetzen a freet mech op ech haut net mat an d'staadt weilt goen. ech hun natierlech alles gecheckt... dunn huet sech erausgestallt dat den ambassadeur vu letzebuerg en austauschschueler aus der belsch wor an dat anert de joel (australier aus menger schoul). wi fein, moies sou aus dem bett gehait ze gin! ass natierlech net gaang, dat mat dem an d'staadt goe well et mer schlecht wor an en plus hat ech nach gaescht. dunn sou eng hallew stonn drop (ech hun natierlech nees geschlof) geet nees den handy an ech gin drop "hallo! sag mal, hast du heute schon was vor? wir sind naemlich gerade in hamamatsu und..." waaah, ech si jo bal geckeg gin! bon, do hun ech allerdengs direkt erausfonnt dat et sech em de fritz (rotary austauschschueler aus daitschland) gehandelt huet, mee ech wor awer mol bessi depasseiert. dat wor jo e scheine multilinguistesche moien, et haett mech mol nemi gewonnert wann ee beemol ugeruff haett a letzebuergesch geschwat haett. an jo, do gin ech vu sou ville lait gefrot fier epps ze man an da muss ech grad deen dag krank sin...
oh nee... mai poulets-clan-bracelet ass grad futti gefuer!!!! X______x
de joel huet mech an d'saki inviteiert fier naechste samsden an deen australesche restaurant ze goen, mam ryuichi a masa, ehehehe... hoffe mer mol dat dat epps gett! de ryuichi ass zevill, ech mengen ech probeiren dee mol mam saki ze verkuppelen, hehe! oder ech weisst scho genee weem doheem ech dee giff matbrengen. xD fierdrun hu mer allerdengs na fierbereedunge fier d'schoulfest, ech daerf kakaos-beem bastelen, yuhu. dei sin lo no den tester, also ab en donneschden, all dag inklusiv week-end, bis schoulfestival (eischte we am juni). ech brauch definitiv vakanz, ech si sou midd... (dobei muss ech mol naischt fier d'schoul man.)
hm, ech froe mech grad op een hei an der biblioteik drenken dierf...

current mood: tired

(2 comments | comment on this)

Sunday, May 14th, 2006
12:21 am - MMM
Comment and I'll give you a letter. With that letter you should write 10 words in your LJ that start with that letter. Include an explanation of why you chose that word and what it means to you.

ech krut dei grouss eier zum Bustaw... M! (messi carole ^-^)

M wei Mochiron - ass wuel ee vun de wierder dat ech am moment am meeschte gebrauchen... heescht natierlech! an huet e scheine klang, gell main dampegt sophie? xD
M wei Matt - ah jo de matt (oder yamato, mee da giff et jo nemi heihi passen ¬__¬), dem nessel a meng seng eischt grouss gemeinsam leift... matt, we love you! kyahaha...
M wei Michael - de michael wesley-smith, dem nessel a meng seng zweet grouss leiwt! xD an de roswell-michael, ais drett grouss leiwt... hehe! (mir schengen e spezielle bezuch zum bustaw m ze hun)
M wei Maertchen - do well ech lo hin! mee ech kann net... >___<
M wei Mozarella - dees well ech och mol nees iessen! de mozarella hei ass kee richtege mozarella -_-;
M wei Monogatari - eng geschicht! an et erennert mech u gokinjo wat mech erem un nana erennert wat mech bis bei de shin brengt... *____*
M wei Malfoy - hehe... an dat brengt mech nees bei meng dampomatin xD
M wei Muhahaha - aehm jo...
M wei Mochi - mochi zs mat sesampuder! *____* souuuuu gudd!
M wei Megalodon - ech gin deen emol entdecken, hehe...

wow, ech hun der tatsaechlech 10 fonnt O_o

current mood: relaxed

(4 comments | comment on this)

Monday, April 24th, 2006
9:19 pm - In an earlier time, in a green land above...
e 16-jaehrege bishie aus menger schoul deen an enger band ass an deen ethik studeire well huet owes um halwer 12 eng veirelsstonn mat mer op main zuch gewaard! *_______________* ech sin depasseiert... good things do happen, hehe!

current mood: quixotic

(13 comments | comment on this)

Wednesday, April 19th, 2006
10:49 pm - Nei Photoen!
jo, ech hun et gepackt, ech hun tatsaechlech mol nees e puer photoen online gesat. (www.japan-ats.party.lu fier dei, dei et nach emmer net sollte wessen oder dei de link nemi hun xP) et sin der haaptsaechlech iwwert kyoto derbei. mee well d'kiichteblumme jo nemmen hallew gebleit hun, sin d'photoe leider net sou schei gin, wei ech gehofft hat. dei vun den hieschtblieder fannen ech vill besser geroden...

current mood: accomplished

(comment on this)

Sunday, April 16th, 2006
7:37 pm - mat der dampmaschin zu tokyo *________*
just na kuerz... vlaischt kann ech hei mam sophiechen duerch tokyo laatschen de summer!!!! *____________* ech hoffe sou staark dat dat klapp!!! och wa mer eis just 4 deeg zs a japan befannen... >.< oh, mee mat engem gleichgesinnten duerch harajuku ze laatschen! *^o^* sooooophiiiiiiiiiiiie, ech hoffen esou dat dat klappt!!! >___< mir 2 zu harajuku, hoho.... hrhr... (a wanns de deen eintrag vu fierdrun sou lies, denk weg net ze schlecht vu mer... well ech do sou eng mikroskopesch kleng saach just sou kuerz niewebai erwaehnt hun -_-; ech hoffen du verstees wat ech mengen... ech sin effektiv e schlechte mensch! >.< xD)

current mood: ecstatic

(7 comments | comment on this)

6:13 pm - shiranai!
wollt jo u sech eegentwann mol vu menger guer net sou schlechter vakanz zielen, mee eegentwei schengen ech et e bessi ze vergiessen. bon, schreiwen einfach mol sou op, wat mer grad sou afaellt an dat muss jo da wuel dat wichtegst sin...
hm, jo, also eegentee samsden, do hun ech d'famill ota getraff a well si den dag drop op tokyo gefuer sin, hu si mech mol spontan gefrot fier mat. u sech sollte mer just bei dem eriko sain dormitory goen, fier seng saachen do ofzeliwweren. dat meedchen ass 10 deeg mei jonk wei ech an hockt lo schon op der uni. O_o an et ass guer net zefridden, dat et muss an engem dormitory wunnen, well do muss et schon um 11 nees doheem sin. x_X tjo, mee elo schengt et em awer ze goen, souweit ech dat mol matkreien. d'couren op der uni sin anscheinend ganz flott. ^o^ mee dee sonnden hate mer dunn na zait an du kunnt ech mam eriko ganz onverhofft op harajuku goen! *^o^* wor just e gaaanz liichten iwwerfellt... -__-; mee wat erwaard ee sech och vu japan soss?
den dag fierdrun wor ech och an deen eenzege vk-shop hei zu hamamatsu (vun deem ech lo mol wees) an hu mol sou eng stonn mat der verkeeferin geschwat! xD dei ass einfach ze fein... ech fille mech just schlecht, well ech wuel naischt waert kafen. oder secher awer well si einfach sou fein ass! >.< ech si schlemm...
hm, op kyoto koum ech och, mat menger gaaschtmamm. do waert ech secher och nach photoen online setzen. mee d'kiichtebleie wore leider awer reischt an der hallschent, d'unzuel vun de lait leider net... -o- den alen deel vu kyoto ass awer schein.
oioi, lo grad sin ech gewuer gin, dat haut ouschteren ass (dank menger dampmaschin, the one and only)... an ech zoppendeppen laatschen de ganzen dag mat engem froehleche freijoersgefill duerch d'geigend, mee dat ouschtere keint sin, dovun hun ech natierlech keng ahnung... -o- aaalso, un dei leiw lait dohannen, ganz schein ouschteren!
soss d'vakanz... ah jo, mir haten afs welcome party fier dei nei afs-austauschschueler an do wore vill leiw lait a lo hu mer och een hei aus dem quebec an ech daerf nees franseisch schwaetzen! hehe...
also u sech wollt ech dat do alles vill mei am detail schreiwen, mee eegentwei hun ech et bessi vergiess. =o=
wat gett et nach ze soen!? ah jo, leschte sonnde wor ech op shimizu an den aquarium, mam philippe (deen aus dem quebec) a mam tsutomu (sai student lp, deen ee joer a frankreich wor d'lescht joer an deem sai franseisch villzevill gudd ass O_O), dat wor ganz leschteg an ech hat mol seit sou praktesch 8 meint nees interessant konversatiounen mat lait a mengem alter... an mer kruten omuraizu (reis mat omelett) vum tsutomu gekacht a sengem apartement zu shizuoka. hrhr... an et wor mol net schlecht! O_o
lo iesse mer... also, ciao ciao an denkt all u mech...

current mood: enthralled

(2 comments | comment on this)

Thursday, April 6th, 2006
10:23 pm - Vakanz ass faerdeg...
ai, lo hun ech scho mei wei ee mount naischt mei heira geschriwwen. atashi honto ni warui yo, gomenne! -_-
tjo, hat elo e puer woche vakanz bis geschter. u sech wor jo naischt richteg geplangt, mee am endeffekt wor se awer ganz flott. ^o^ si suguer bis op harajuku a bis op kyoto komm & hu vill nei lait kennegeleiert. tjo, ofgesinn lo vun der schoul gefaellt et mer hei wierklech gudd. mee de moien hat ech nees schoul an dat wor langweileg... -_- ech kann einfach net mat de lait schwaetzen! an ech wees net wourun dat lait... elo hun ech awer weinstens erausfonnt dat et net ausschliesslech u mir lait, well mat anere japaner schengen ech mech awer nawell net schlecht ze verstoen. hm, vlaischt lait et u menger schoul?! dei leiren definitiv zevill do...
oh, lo rifft ee mer grad un, schreiwen dann dei naechste keier weider...

current mood: confused

(2 comments | comment on this)

Sunday, February 26th, 2006
6:00 pm - Reen! Reen! Reen!
bon, ech liewen also nach emmer. ech hu just d'gefill, ech schreiwe guer net mei a main lj. fierwat?!? wann ech well bis dra schreiwen, da wees ech nie, wat. obwuel et jo net esou ass, dat hei naischt geschitt, ech vergiessen et just emmer dee moment wou ech fierum computer setzen an epps heira schreiwe well. (jojo...)
hei nach e puer ganz wichteg saachen dei ech erliewt hun:
- a menge lieblingsschoulstremp ass e lach dran. T_T dat woren dei, dei wierklech GUER NET gerutscht sin an dei grad dei perfekte laengt haten an dei e rosat kaweeschelchen drop haten. fierwa grad dei? ech hat se secher ze oft un... lo hun ech awer neier (mee dei kommen natierlech net u meng lieblingsstremp erun). dat huet natierlech zu enger grousser depressioun gefouert. (secher!)
- mee! dei depressioun ass opgehuewe gin, well... ech krut en neie FOEHN!!!! gett et eppes besseres?!? *strahl* main alen ass futti gaang (an dobei hun ech en NET ze oft an ze laang benotzt, net dat lo nach eegenteen dat mengt... *hmhm* e wor mengen ech just e bessi al...) an du misst ech emmer hieren huelen (deen och besse futti wor) an du bemol ass meng gaaschtmamm mat engem ganz neie scheine wonnerbar roude foehn komm! ^----^ dee kann d'saki (meng gaaschtschwester) dann naemlech och dono benotzen. oooh, an dat geraisch dat dee foehn mescht ass esou schein! ech mengen ech si verleiwt... *huestel*
- dei leschte keier ass am bus nees kreschtdaagsmusek gelaf... O_o dat ass mer jo och scho puermol am summer fierkomm...
- et ass e scheint gefill, sech an engem land ze befanne wou grad een d'goldmedaille gewonnen huet (et ass dei eischte keier!), wierklech, de speaker op der tele ass total ausgeflippt. d'japaner wore jo e bessi deprimeiert, well se na guer keng medaille haten, mee da kennt natierlech d'shizuka arakawa a rett dat ganzt. hat hat jo sou schei kostuemer! an ech si frou dat d'fumie suguri net dat wor, dat d'medaille fier japan geholl huet, deem meedche sai gesiicht... et gesait aus wei wann et dei greisste leide misst ausstoen. an et ass vill ze denn... jo bon, also se woren all frou bei mir an der schoul dunn! an ech krut et och live mat! (moies um 7 auer waehrend dem moiesiessen)
- ech hun a leschter zait wierklech vill olympiad gekuckt, ech waert nach zum sportfanatiker muteiren. (haha, secher) lait och vlaischt dorun, dat e fier dat ze verstoe kee japanesch brauch. op alle fall mescht et en decke spaass, dat mat menger gaaschtmamm ze kucke a mir hu rausfonnt, dat mir hei a japan och speaker keinte gin. ech soe sou zum beispill "waah kore wa kirei datta" (dat do wor schein) an de speaker dach net tatsaechlech "kirei datta". awer wierklech emmer... ech hun eegentwei d'gefill hier kommentaren hei a japan sin net grad deifgrenneg a besetzen net grad dei greisste kenntnis. o_O
- am moment reent et nawell vill a wann et ma nach emmer souvill reent, da brauch ech net an d'schoul! reen, ech beschwoeren dech, hal net op!
- ech hun a leschter zait vill zevill sex and the city a friends gekuckt... definitiv!
sou, ech halen elo mol op, mier iesse gleich...

current mood: hopeful

(2 comments | comment on this)

Tuesday, February 14th, 2006
11:47 pm - kuerz kuerz
oioioi (jojo nesselchen, ech man dech no ne, mee su bass jo och sou wonnerbar, da man ech jo naischt falsch xD) lo ass et scho sou laang hier dat ech eegentepps heira geschriwwen hun. mee dei groussarteg (oder och vlaischt net) noriicht: I'M ALIVE! hah, dat haett der lo net geduecht, ne! bon, also u sech hun ech jo naischt mei heirageschriwwe sait ech bei dei nei famill komm sin. mee mier geet et (bei der famill) zumindest mol absolut super! ^-^ mee ech gin hei nach zur alkoholikerin gema, hehe... (dat waerten dei meescht jo scho matkritt hun) an dat a J-A-P-A-N! stell sech een dat mol fier, ech briechen d'afs-(japan-)gesetz (keen alkohol, keng drogen, net schwanger gin (joooo, dat hat ech jo och fier), sech net bestueden (aehm jop, kloer) asw), dh theoretesch keinte si mech lo heemschecken, huelen ech mol un.
hm... ech mengen ech sin zum absolute filmmaniac muteiert (net, wei wann dat fierdru scho vill anescht gewiescht wier). ech hun et dach net tatsaechlech faerdegbruecht, an der leschter woch iwwer 20 filmer ze kucken... O_o leschte sonnden an engem dag 5. x___X ech mengen, dei naechste keier schreiwen ech mol e klenge kommentar zu all film deen ech gesin hun. hm... ech hu mer iwwerluecht, filmkritikerin ze gin, waer dach och ganz spannend... (tjo, kann ech dat eegentwei mat menge reschtleche linguisteschen, historeschen, japanologeschen, ethnologeschen, kryptozoologeschen (okok, dat net mei, dat wor an der primaerschoul) ... berufswensch verbannen? xD)
ohoh, ech wollt jo scho vill eischter a meng alldeeglech bidde goen, lo ass et schon 12 an ech hocken na emmer hei... -___-; a ma muss ech och nach wahrscheinlech mei laang an der schoul bleiwe, well ech mat 3 aneren e film dreinen (hah, an dofier kreien ech deen dag wuel kee film geKUCKT, ironie des schicksals). an NEE, ech hun net fier an de filmbusiness anzesteigen, dat ass eng hausaufgab, dei mer am engleschen ze man hun an ech hun dei grouss eier, de koreaneschen yon-sama ze spillen. wow! (mee vu dat hei keen de yon-sama waert kenne, versteet wuel keen wat eng riiisegrouss eier ech domat hun)
ech schreiwen zur allgemenger ofwiesslung nees egalwat dofier man ech lo och net weider, fier aer wertvoll an net weider ze belaestegen a maache mech op an d'bidden (a loosse mech do vun engem geescht an d'waasserofloosslach zeien (ech hun definitiv zevill juon gekuckt)). also, maacht et gudd an ech hoffen dier liewt all nach.

current mood: lazy

(10 comments | comment on this)

Saturday, January 14th, 2006
12:13 am - Nei adress
sou, nemme ganz kuerz, ech muss naemlech nach paacken an et ass schon no 12. o.O ma kommen ech naemlech a meng definitiv famill an ech wollt iech u sech just d'adress heihinner setzen. mengen, hun dat na guer net hei gezielt gehat... also, meng nei famill heescht kurihara a se mescht en deck leiwen androck (wor schon 2 mol bei hinnen). ass mol bessi mi grouss wi di al (ass jo o net grad schweier...). wunnen do mat der mamm, dem papp, der bom an o na dem bruder, dee lo op dem leschte joer uni ass. a se hun eng kaatz, yay! ^-^ se hun o na e meedchen a mengem alter, mee dat ass am moment grad mat afs fier ee joer an england. hat kennt awer rem ier ech fort sin, waert also na su 2, 3 woche mat em zs wunnen. bon, hei da lo d'adress, also weg keng breiwer mei un d'famill ota (dei, dei lo scho fortgescheckt si, kreien ech natierlech):

Julie Heyart (nee, tatsaechlech? xD)
c/o Kurihara-san
1407-1 Nakase
Hamakita-shi
Shizuoka-ken
434-0012
JAPAN (effektiv...)

Tel: 053 588 1682 (+ fierwahl vu japan dei ech natierlech net wees...)

ah jo, wat d'adress ubelaangt, kuckt do weg dat et wierklech richteg ass, well soss kennt se eventuell net un... >.< ass mer opgefall dat emmer nees lait buchstawe verdreinen a sou! xD (wei da wei dann, ass japanesch sou schweier? hoho...) naja, d'zuele sin u sech zwa dat wichtegst...

current mood: full

(12 comments | comment on this)

Wednesday, January 11th, 2006
6:30 pm - kong king king kong
dese meinde wor allt nees zur allgemenger ofwiesslung e feierdag (hehe...) & du sin ech dach net tatsaechlech elleng an de kino gaang. ass dat net traureg? nee, u sech net... xD huet mech u sech net gesteiert. dunn hun ech erausfonnt, dat een als austauschschueler/in nemmen 1000 ¥ (~7,5 euro) brauch ze bezuelen, wat mei belleg ass, wei fier dei normal schueler (~12,5 - 15 euro oder sou O_o) & wat u sech jo och net vill mei deier ass, wei doheem, hehe... ech mengen, ech gi mol mi oft an de kino. ^-^
mol zum glorreiche film: king kong. -.-; bon, et ass mer dommerweis nees reischt waehrend dem film agefall, dat ech monsterfilmer jo u sech absolut guer net gaer hun, a ganz besonnesch wa menschefriessend dinosaurier dra fierkommen. du soutz ech natierlech grad am richtege film, mee du wor et schon ze speit. naja, also ouni di tyrannosaurus-rexesch dinosaurier & dei lusch gigantesch insekten (zumools dei degoutant wierm do! wat soll dat? mir solle frou sin, dat et dei net a wierklechkeet gett, da brauch een dei dach net o na ze erfannen O____O) & ewwerhaapt dei ganz monsterinsel (inklusiv king kong, haha) haett mer de film vlaischt bessen zougesot. naja, dei ganz szen zum schluss wu de king kong duerch ny laatscht haett o net misse sin, de film wor sws scho vill ze laang. okok, lo kennt natierlech d'fro op, fierwa ech en dann ewwerhaapt kucke gaange sin... tjo, et ass jo awer na emmer e peter jackson-film & deen huet jo scho groussarteges geleegt, fierwa net also nach eng keier? (mee fierwa versicht en et da grad mat engem monsterfilm???) ausserdem wollt ech einfa mol nees an de kino, awer ausser hp4 (scho gesin) ass net grad vill gelaf. tjo, a vlaischt huet och na ganz e bessen de faite matgespillt, dat e gewessenen jamie bell matgespillt huet, hehe... ech wosst guer net, dat deem seng roll sou grouss wier, en ass am nospan suguer als 5. oder 6. erwaehnt gin. ^-^ an en duerft suguer mat op d'monsterinsel, boah! mee en haett roueg och kennen an daer leschter halwer stonn dra fierkommen, dann haett mer dei och vlaischt besser gefall... mee en huet seng saach awer gudd gema, en ass mol net gestuerwen!

current mood: lazy

(3 comments | comment on this)

5:47 pm - *schock*
sou sou, lo grad hun ech mol erausfonnt, dat et an der bravo en d'espairsray-poster gett. -_________-;;; wosst ech natierlech net eischter, kreie sou epps jo och hei nemi mat. (ass an desem fall och vlauscht besser ---) bon, ech hu lo zwa keng ahnung, wei & wat do eegentwei an der bravosteet & fierwat, mee schon elleng de faite dat eegenteppes vun d'espairs an der bravo ass... WAT mescht en d'espairs-poster an der BRAVO?!? HALLOOHOOO!? lauschteren ech also (nees) bravo-musek? O.o ass jo rem e schrett no fier... nee mee eierlech, kann do weg ee mesch driwwer opklaeren? @_@ also, ech wollt mech awer bessi informeire, war et mat daer ganzer bravo-d'espairs-geschicht do op sech huet & hu mech mol op d'bravo-sait beginn (dei ass iwwregens ganz intellektuell & mat engem extrem bildungsreiche vokabulaer gestallt, ech roden iech wierkelch all, dei emol besichen ze goen). meng begeeschterung kennt keng grenzen! do stoung dunn och eegentwou, dat d'espairs & kagerou (jo, dei hun et och bis an d'bravo geschafft, all respekt! mucc iwwregens och---) 2 vun deene bekanntesten j-rock-gruppe wieren. haha. aehm jo... dofier kennt se hei an deem klengen nascht wou ech mech grad befannen (mat emmerhin nemmen 800 000 awunner, also e richtegt kouduerf) jo och praktesch keen (oder ech kennen einfach dei falsch lait...) & dofier sin hier cden an deenen normalen cd's-butteker och net sou einfach ze fannen. an eegentwei geiff ech perseinlech d'espairs & kagerou lo och vlaischt net grad als jrock bezeechnen. (jrock ass fier mech gackt oder laruku... >_< ass dat net traureg? haha, mee dei hun et na net an d'bravo gepackt...) okok, ech bezeie main urtdeel lo wierklech nemmen op dee mini internet-artikel do & hu KENG AHNUNG, em wat et an der zaitung geet (dofier daerf ee mer dat roueg matdeelen). an u sech well ech och net zu deene mensche geheiren, dei mat alle mettele verhennere wellen, dat hier lieblingsgruppe bekannt gin, mee muss dat da wierklech duerch d'bravo gescheien?!? O_o; duerno haenkt mai leiwe zero niewt eegentwellege britney oder avril lavigne-posteren an 12-jaehrege bravo-lieserinnen hiere kummeren... oh graus, oh schreck, mai zero... an den daisuke.... T____T? naja, am moment hun ech zwa eegentwei eng on-japonesesch-museksphase… lusch lusch, ca vient d’ou? (nee, ech WEES dat do d’accent’e feelen, mee dei hun ech hei net um pc… -.-;) hm, keint vlaischt eegentwei mat dem faite ze dinn hun dat ech dei komesch onverstaendlech sprooch DAUERND heiren an ech se dann net o na an der musek brauch… xD (obwuel, hizu sengt jo och viiil (zevill) ‚englesch’, muhaha...) tjo, bei mir leeft am moment haaptsaechlech pulp (an o na heiandsdo d’smashing pumpkins wann ech su iwwerleen an na puer wonnerbar cden dei ech vu verschiddene lait gescheckt krut, elo emmer nees menger dampomatin hier narnia-cd ^-^). do lafen ech jo wuel net d’gefor dat dei bemol an der bravo opdauchen. pulp ass oniwwertreffbar an den jarvis cocker ass e genie... (wann ee scho sou texter ka schreiwen a sou eng stemm huet - dogs are everywhere... almost everywhere that i go… -

 



current mood: shocked

(3 comments | comment on this)

Sunday, January 8th, 2006
5:50 pm - Nei Photoen!
Tjo, wollt haut eigentlech mei schreiwen, mee mier kreie grad Besuch, also muss ech elo ophalen. Mee ech wollt awer just na soen, dat ech allt nees e puer Photoen online gesat hun, fier all dei dei et interesseiert: www.japan-ats.party.lu (dier dei dei et nemi sollte wessen... ^-^;;;) Vill Spahaaass...
Ah jo, och nach vill Gleck am neie Joer!!!! o(^-^)o
Akemashite omedetou gozaimasu!

current mood: stressed

(3 comments | comment on this)

Sunday, December 25th, 2005
11:51 pm - Always look on the bright side...
sou, hei lo just ganz kuerz well ech wollt iech all awer na e scheine Kreschtdag wenschen (dee bei mir an 10 min eriwwer ass)! hoffen dir feiert schein a kritt vill kadoen (mir welle lo mol ganz materialistesch sin, hehe...)!
also ech hat och e scheine kreschtdag, ech krut suguer kadoen!!! yuhuuuuuuu!!!! (allt nees genuch ... nbc! xD su en absolut genialen 3D-puzzle *____*) hm... dat ass u sech dat eischt joer wou ech kreschtdag su richteg mat kadoe gefeiert hun...
sou, lo ass et awer speit, gi lo just na kuerz an d'bidden an da mol an d'bett. oyasumi! *^-^*

current mood: touched

(3 comments | comment on this)

> previous 20 entries
> top of page
LiveJournal.com